Kiermessonden zu Wilwerdang

Duarreffrenn hunn ewéi all Joer op hir Kiermes 2017 agelueden. D‘ Wieder huet et gutt bis an de spéiden Nomëtten gutt gemengt.

Mir soen Iech villmools Merci fir Äre Besuch a bis 2018 Wéini dass dann Kiermes stattfënnt fannt Dir hei.

Kirmessamschdeg mat Dizzy Picture

Esou ewéi läscht Joer konnten och erëm Dizzi Picture um Kiermesbal iwwerzeegen.

De Sall war strubbelvoll esou dass virun der Dier Gedenks servéiert ginn ass.

Familljemass vum 13 05 2017

Kommiounskanner bréngen der Maria eng Blumm.

Aus Dankbarkeet dass si endgülteg an de Krees vun der Glawensgemeinschaft opgeholl gi sinn, hunn Kommiounskanner der Muttergottes eng Blumm geschenkt.

Ënnert dem Motto “ Jesus gëff ons däi liewegt Waasser“ ass dann och e Rollespill vun de Kanner opgefouert ginn.

Hei gëtt Geschicht beschriwwen vu Waasser an engem Krou wat gedeelt gëtt. Dobäi verännert sech de Krou stänneg, de Krou gëtt méi wertvoll. Et gëtt symboliséiert wéi gedeelten Waasser jidderengem (Mënschen, Planzen an Déieren) zegutt kënnt.

Et ass et gëtt nach ëmmer Krich wéinst Waasser gefouert.

Fotoen Hardy Viktor & Armand Haas

D‘ Recht op proppert Drénkwaasser ass den 28 Juli 2010 vun der UN Generalversammlung an der Resolutioun 64/292 ugeholl ginn.

Méi Informatiounen zum Thema fënnt en um Site Site vum Waasserwirtschaftsamt.

Leider an all zu oft héiert a liest een vun onmoraleschen Praktiken déi multinational Grousskonzerner duerchfeieren, fir mat dem gemeinsamen Gutt all Joer méi riesig Beneficer ze maachen an dat op Käschten déi et am meeschten néideg hunn.

Dofir ass et wichteg dass mir alleguer eng sozial Verantwortung iwwerhuelen wenn mir Waasser gebrauchen.

Hämmelsmarsch 2017

Kiermes 2017 ass den 13te Mee mam Hämmelsmarsch vum Widrigo agelaut ginn.

Konscht am Gaart zu Ëlwen.

Communion de Jonathan le 30.04.2017

Op dëser Säit fannt Dir Fotoen vun engem privaten Evenement. Wennt Iech un den Responsabelen vum Fest fir Passwuert ze kréien.

Pour visualiser les photos, il faut un mot de passe, lequel est fourni par le responsable de l’évènement.

Kannermass op Karfreiden zu Wilwerdang

Ëm 17:00 huet eng kleng Kannermass zu Karfreiden zu Wilwerdang an der Kierch stattfond.

D’ Grousselteren vun de Kanner waren invitéiert fir drun Deel ze huelen.

D’Trauer vun Karfreiden an d’Freed vun Ouschteren kann e vergläichen mat den Alldagssuergen vun haut, déi wenn se geléist ginn och hir Léisung an der Zefriddenheet fannen.

An dem Sënn ass herno och d’Kräiz mat Blummen an Käerzen dekoréiert ginn.

Familljemass vum 26 03 2017

Familljemass stung am Zeechen vum Kannermissiounswierk.

Dëst Joer kucken mer op d’Land Kenia.

Kenia läit am Osten vun Afrika a grenzt de Südsudan, Ethiopien, Somalia. Tansania an un Uganda. Am Westen vun Kenia läit den Victoriaséi an am Osten den Indeschen Ozean.

Am Distrikt Turkana, geleeën am Nordosten vu Kenia, ass eng vun den äermsten an dréchensten Regiounen vun dësem Land. An der Regel gëtt et bis zu 35 Grad waarm. Wenn et am Joer reent, falen maximal maximal 400 mm Reen op de Quadratmeter.

Wenn et fir ons selbstverständlech ass fir de Waasserkrunn opzedréinen fir un dat naasst Gutt ze kommen, mussen Turkaner oft bis zu 20 Kilometer zou Fouss goen fir an enger Waasserquell oder am Floss hir kleng Ratioun Waasser heemzedroen. Dëst ass Konsequenz vum Klimawandel deen déi Leit do ze spieren kréien. Dass mir um Klimawandel net ganz onschëlleg sinn, dierft jidderengem bewosst sinn.

An dëser Regioun sinn Gesondheet, Sëcherheet an Liewensgrondlag no engem Artikel vu Human Rights Watch ganz besonnesch a Gefor.

Weider Informatiounen iwwer Turkana :

Turkana County Kenya (englisch)

Parcs nationaux du Lac Turkana

Jugendmass mam Äerzbëschof zu Wilwerdang

Fotoen vun der Jugendmass mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich.

Fotoen : Inge Dormans, Fränz Dormans, Pascal Haas & Armand Haas.