Jugendmass mat eisem Äerzbeschof zu Wilwerdang

Et muss dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gutt zu Wilwerdang an der Jugendmass gefalen hunn. Nieft de Puzzels huet och den Adesso musikalesch matgewierkt.

Liewenskniet déi verankeren, esou kéint een de Motto vun der Mass beschreiwen. Op elo déi Kniet musse geléist ginn am Liewen oder ob se solle befestegt, a wenn néidesch gestäerkt a gestrafft solle ginn, dat sinn déi Erausfuerderungen, déi jiddereen sech am Liewen ze stellen huet an hoffentlech dat och mat dem néidegen Häerz mëscht.

 

No der Mass, huet Gemeng Ëlwen am Veräinssall nach op eng Receptioun agelueden, wou den Owend bei engen gudde Maufel a Patt op en Ënn gaangen ass.


 

Buergbrennen 2018

Herrlech war Wieder op Buergsonndeg zu Wilwerdang. De Widrigo ass ewéi gewinnt vun Haus zu Haus gezunn fir op Buergbrennen ze invitéieren.

De donkele kale Wanter sollt endgülteg verdriwwe ginn. Den Damp vum Feier ass emol an déi richteg Richtung gezunn a huet e gutt Joer fir Bauer a Gäertner viraus gesot.

Loosse mir et hoffen.

Familljemass 28 januar 2018

Flott war de Sketch deen an der Familljemass vum 28te Januar vun de Kanner virgedroe ginn ass. Geschicht huet ëm den Zachäus, een réimeschen Zöllner gedréint, dee steeräich, mee onglécklech war bis hien enges Daags dem Erléiser begéint ass.

Dass Geld eleng net glécklech mëscht, ass eng al Weisheet déi haut näischt vu senger Bedeitung verluer huet, wou déi sozial Schéier ëmmer méi grouss gëtt.

Uschléissend sinn Kommiounskanner virgestallt ginn.

Weider Erklärungen vum Zachäus fannt Dir hei.

Dem Wanter säi Schnéikleed

De Wanter huet säi weist Schnéikleed ugedoen.

Zënter e puer Deeg kënnt et uewen op de Koppen zou reegelméissegen Schnéischauer. Do wou de Schéi net ewech gebotzt gëtt, kann dann emol am Laf vun den Deeg e puer Zentimeter zesummen kommen.

Herrlech ass e Spadséiergang duerch onberéierte Schnéi op alle Fall. Et ass der wäert e Moment stoen ze bleiwen an de rouegen Moment ze genéissen, zemools wenn e näischt derbäi héiert. Am Schnéi schéngt alles méi roueg ze sinn. Firwat dass dat esou ass gitt dir op www.science.lu gewuer.