Ons Dierfer

Wilwerdang

D‘ Duerf Wilwerdang läit op engem minimal 510 m héige gewellte Biergkamm an der Gemeng Ëlwen.

Der Legend no hu fréier nuets diabolesch Juegd-Geräischer an e wëlle Jeeër am Bësch zwësche Wilwerdang, Wäisswampech an Holler Passanten erschreckt.En uraalt Dokument nennt d Duerf 1145 Wiverdinges.

Archive vu virun 1795 weise Wilwerdange als Commune a Cour de Justice am Quartier de Bastogne. t steet am Ancien régime als village de rue an der Seigneurie de Houffalize an als zougehéiereg zur Diözes Léck. Variante vu Wilwerdang, (oder -dénge) fannen sech a Wël- oder Wéilwerdang an am vereelste Weerwëldong!

De Numm huet e Rapport mam hl. Wëlwert, dem berühmten Iechternacher, grad ewéi Wëlwerwolz. Mä fir sech vun deem z ënnerscheede schreift di vital Uertschaft un der N 12 hir éischt Silb mat engem i… wéi am franséischen.

D‘ Kierch vu Wilwerdang huet en imposanten aachteckegen Tuerm, dräi niddereg Tuermspëtzen an en extraordinäre oval-bauchege Grondrëss. Domat wollten hir Bauhäre wahrscheinlech eng Variante vun den traditionelle Längskierchen oder ‚Priedegtsäll‘ opriichten. Hir Fënschtren an ugedeiter Kräizform vu 1953 si signéiert vum Gust Zanter a Camille Croat, d’Rosace iwwer der Entrée an der Kierfechskapell hir kräizförmegt Wierk a Glasschmelztechnik si vum Robert Emeringer.

Der Marianescher Geographie no huet d Kierch eng berühmt mat der Volleksfrömmegkeet verwuerzelt Marie-Statue aus der Kapell vu Géidgen. Hir Patréiner sinn de Lambertus an d’Barbara.

D’Kiermes (d’Kierchweihfest) gëtt den 11te Mee gefeiert wenn deen Dag op Sonndes fält, soss den éischte Sonndesch duerno.

Villmools Merci dem Tessy Glodt fir déi Informatiounen iwwert Wilwerdang.


Géidgen

Tëschent Wilwerdang an Huldang leit dat klengt Duerf Géidgen.

Géidgen huet am Laf vun der Geschicht verschidde Bezeechnunge gehat

Hei e puer Beispiller :

Goddinga ëm 778, Godingen ëm 893, Gudenge ëm 1469, Go(u)denge em 1528.

Dat klengt Duerf huet fréier zu der Abtei vu Prüm an der Eifel gehéiert. D‘ Kapell vu Géidgen ass den Hellege Kosmas an Damian geweit.

Et ass awer och eng Wallfahrt zum hëllege Hillarius ginn, den wéinst Hautausschlag bei Kanner an Rheumathismus ugeruff ginn.

Et huet awer och an der Faaschtenzäit de Brauch bestanen, al Freideg eng Wallfahrt zu Éieren vun der Schmäerzhafter Muttergottes an d’Kapell vu Géidgen auszeféieren.


Drenkëlt

Tëschent Elwen a Wilwerdang läit Drénkelt. Den ale Duerfkär läit e bësschen ofgeleeë vun der Haaptstrooss a no bei der Lukeschbaaj.

 

Drénkelt huet an der Zäit enger Härschaft vu Klierf gehéiert an hir Duerfkapell war bis 1804 der Por Kiirchen ënnerstallt. Géint 1901 ass d’Kapell un d‘ Por Wilwerdang agegliddert ginn.

Verschidde Bezeechnungen hat d’Uertschaft am Laf vun der Zäit gehat.

Vun Druncklenge ëm 1469 bis Drockeler anno 1531 an Drinkeler esou géint 1681, bis zou dem heitegen Drénkelt.