Feierdags- a Kiermeskalenner EWe

Feierdeeg

Déi meescht Feierdeeg ginn no dem Ouschterdatum gerechent. Ouschterdag fält ëmmer op deen éischte Sonndeg no dem éischte Fréijoersvollmound.

De däitsche Mathematiker » Carl Friederich Gauß (30/04/1777 – 23/02/1855) huet eng mathematesch Formel entwéckelt fir den Ouschterdag ze rechnen.

No dem Prinzip fonctionnéiert och de Kalenner.

Kiermessen

Kiermes ass den „Kirchweihtag“, deen Dag, deen un den Weihedag vun enger Kierch erënnert – also deen Dag, wou d’Kierch duerch de Beschof konsekréiert (ageweiht/geweiht) ginn ass.

Daks stëmmen des Datumer äwer net. Wann z. B. d’Kierch neigebaut guef, da gëtt daks den alen Weihedag als Datum vun der Kiermes bäigehal – obschon die nei Kierch op engem aneren Dag geweiht guef.

Ët gëtt och Kierchen, do ass d’Kiermes um Dag, wou hire Patréiner gefeiert gëtt – z.B. hl Martin zu Weimerschkierch.

» Détailer vun der Wilwerdanger Kierch

E grousse Merci un den Här Paschtouer Michel Meyers fir seng formidabel Ënnerstëtzung.

Dës Säit wëll ech och menger fréierer Aarbechtskollegin Michèle Hahn widmen. Duerch een trageschen Ëmstand huet d’Michèle ons vill ze fréi verlooss.

De Kalenner gëtt am Laf vun der Zäit stänneg aktualiséiert.