Martinsfeier 2018 zu Ëlwen

Samsdig, den 10. November 2018 feieren mer den hëlligen Martin zum 9. Kéier an eiser  Par Elwen-Wäiswampich.

 

De Programm van der Martinsfeier :

 

Um 18:00 fänke mër un an der Kierch zu  Elwen mat engem „Martins-Spill“ van de Kanner.

Géint 18.30 forméiert sech ee Cortège

hannert dem helligen Martin zu Päerd.

Mir gin mat Lanteren, Musek a Fackelen bis bei den Haff vum Précoce. Do ass dann

den Ofschloss ronderëm ee Feier wou den St. Martin sai Mantel mam Heeschert deelt.  D’Kanner deelen dono eng Spillsaach

mat benodeeligten Kanner.

Am Centre culturel offréieren d’Elterevereenigung an d’Portugiesen Iessen an Drénken.

Den Erléis van der Feier ass fir d’

„Fondation Autisme Luxembourg“.

Familljemass vum 17 Juni 2018

Kommiounskanner vun der Par Ëlwen-Wäisswampech spenden 2050 Euro un d’Associatioun Rokku Mi Rokka (Give and Take)

 Mat dem Lidd „Einfach genial, dass es dich gibt“ hunn den Adesso, Canto dos Anjos an Chorale Sainte Cécile vu Wilwerdang Familljemass dëse Sonnden ugefaange.

No der Begréissung duerch de Paschtouer Michel Meyer hunn dräi Kanner an engem Dialog de Sënn vum Mateneen a Fireneen erkläert. Och sinn Talenter, déi an ons alleguer schlummeren, vun de Kanner an engem Sketch virgespillt an d’Leit invitéiert ginn déi Talenter an hiren deeglechen Liewen anzesetzen. Duerno sinn déi Talenter op een Ziedel opgeschriwwen an un e Bam an der Mëtt vun der Kierch opgehaange ginn.

E Scheck mat der stolzer Zomme vun 2050 Euro ass un Associatioun  Rokku Mi Rokka iwwerreecht ginn. Doduerch hunn Kommiounskanner hir Solidaritéit mat hiren Alterskollegen aus dem Senegal manifestéiert. Marlyn, Carmaen an d’Heidi vun Rokku Mi Rokka hunn de Scheck mat engem grousse Merci entgéint geholl, awer och hir Aarbecht am Senegal mat de behënnerten Kanner mëttels enger Presentatioun an der Kierch erkläert. Als Merci huet all Kand eng CD Iwwerrescht krut.

Et sief drun erënnert dass Familljemassen an der Familljekierch zu Wilwerdang vun der Equip Famillegottesdingschr EWe  preparéiert ginn.

 

Mammendag 2018 bei Gaart an Heem Wilwerdang

Gaart an Heem vu Wilwerdang hunn dëst Joer hir Member op eng Hameschmier den 16te Juni agelueden.

Villmools Merci fir de schéinen Owend.

 

Familljemass

Familljemass zu Wilerdang

Schéin ass haut Statue vun der Muttergottes vun der Kommiounskanner dekoréiert ginn.

An dat am Zeechen dass eng Kommunioun net nëmmen fir deen Dag beschenkt ze ginn, mee fir déi Léift erëm ze ginn an hei symbolesch un Muttergottes.

Familljemass 18 Mäerz 2018

Ganz am Zeechen vum Deelen stoung dës Familljemass.

 

An dat besonnesch Kanner am Süden vum Benin op ons Hëllef ugewisen sinn, huet een an der Presentatioun gesinn. Et ass erschreckend ze héieren, dass Kanner mat 9 Joer vun hiren Elteren vum Norden an de Süden geschéckt ginn fir do ewéi Sklaven ze schaffen an ze liewen.

 

Grad esou grujeleg ass Astellung dass handicapéiert Kanner oder déi Kanner déi Welt fir d’éischt mat Féiss begréissen, ausgesat an sech selwer iwwerlooss ginn. An dat aleng ewell si dem Awerglawen no nëmmen Ongléck bréngen.

Deemnächst gesitt Dir hei och eng Presentatioun iwwer Liewensbedingunge vun de Kanner am Benin

 

Jugendmass mat eisem Äerzbeschof zu Wilwerdang

Et muss dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gutt zu Wilwerdang an der Jugendmass gefalen hunn. Nieft de Puzzels huet och den Adesso musikalesch matgewierkt.

Liewenskniet déi verankeren, esou kéint een de Motto vun der Mass beschreiwen. Op elo déi Kniet musse geléist ginn am Liewen oder ob se solle befestegt, a wenn néidesch gestäerkt a gestrafft solle ginn, dat sinn déi Erausfuerderungen, déi jiddereen sech am Liewen ze stellen huet an hoffentlech dat och mat dem néidegen Häerz mëscht.

 

No der Mass, huet Gemeng Ëlwen am Veräinssall nach op eng Receptioun agelueden, wou den Owend bei engen gudde Maufel a Patt op en Ënn gaangen ass.


 

Scheckiwwerreechung un Vasco’s Smile

Den 10 Dezember 2017, op engem verschneite Wanterdag, hat zu Wilwerdang an der Kierch Familljemass stattfonnt. Den Adesso,  Canto dos Anjos an Wilwerdanger Chorale hunn d‘ Feier gesanglesch a musikalesch begleet.

Duerch den Erléis, deen op der St. Martinsfeier zu Wäisswampech konnt erbruecht ginn, war et méiglech un d‘ Associatioun Vasco’s Smile e Scheck am Wert vu 1700 Euro ze iwwerginn. Vasco’s Smile huet sech zum Ziel gesat, schwéier kranke Kanner Liewen e bësschen méi agreabel ze gestallten.

Et huet no der Mass eng Receptioun am Veräinssall stattfonnt. Merci dem Alice Enders an Viktor Hardy fir Fotoen.

Martinsfeier 2017 zu Weiswampich

Ursprénglech war Feier vum Hellege Mäertens den Ufank vum Faaschten virun Chrëschtdag. Mat der Feier an der Parkierch vun Wäisswampech ass drun erënnert ginn ewéi wichteg Deelen an onser Gesellschaft ass.

Esou ewéi dësen Hellegen, als réimeschen Zaldot säi Mantel mat engem Heeschert gedeelt huet, esou hunn Kanner hir al Spillsaachen hire Komeroden vum Eeschwëller Haus Edith Stein geschenckt.

An dëser Ariichtung kommen Fraen mat hire Kanner ënner, déi aus enger schwiereger Liewenssituatioun, sech erëm wëllen op eent bessert Liewen virbereeden.

 

Vun den Lampionen, déi virun der Kierch verkaf gi sinn, geet den Erléis vun Vasco’s Smile.

Vascos Smile hëlleft an ënnerstëtzt schwéier kranke Kanner, hir Elteren a Familljen, a steet hinnen an schwieregen Situatioun bei.