Familljemass vum 17 Juni 2018

Kommiounskanner vun der Par Ëlwen-Wäisswampech spenden 2050 Euro un d’Associatioun Rokku Mi Rokka (Give and Take)

 Mat dem Lidd „Einfach genial, dass es dich gibt“ hunn den Adesso, Canto dos Anjos an Chorale Sainte Cécile vu Wilwerdang Familljemass dëse Sonnden ugefaange.

No der Begréissung duerch de Paschtouer Michel Meyer hunn dräi Kanner an engem Dialog de Sënn vum Mateneen a Fireneen erkläert. Och sinn Talenter, déi an ons alleguer schlummeren, vun de Kanner an engem Sketch virgespillt an d’Leit invitéiert ginn déi Talenter an hiren deeglechen Liewen anzesetzen. Duerno sinn déi Talenter op een Ziedel opgeschriwwen an un e Bam an der Mëtt vun der Kierch opgehaange ginn.

E Scheck mat der stolzer Zomme vun 2050 Euro ass un Associatioun  Rokku Mi Rokka iwwerreecht ginn. Doduerch hunn Kommiounskanner hir Solidaritéit mat hiren Alterskollegen aus dem Senegal manifestéiert. Marlyn, Carmaen an d’Heidi vun Rokku Mi Rokka hunn de Scheck mat engem grousse Merci entgéint geholl, awer och hir Aarbecht am Senegal mat de behënnerten Kanner mëttels enger Presentatioun an der Kierch erkläert. Als Merci huet all Kand eng CD Iwwerrescht krut.

Et sief drun erënnert dass Familljemassen an der Familljekierch zu Wilwerdang vun der Equip Famillegottesdingschr EWe  preparéiert ginn.