Fréijoersimpressiounen

Zimlecht Fréijoerswieder war et haut an Natur erwächt esou lues aus hirem Wanterschlof.

Esouguer de puer Beien hunn hir éischt Fluchversich ënnerholl

Familljemass 18 Mäerz 2018

Ganz am Zeechen vum Deelen stoung dës Familljemass.

 

An dat besonnesch Kanner am Süden vum Benin op ons Hëllef ugewisen sinn, huet een an der Presentatioun gesinn. Et ass erschreckend ze héieren, dass Kanner mat 9 Joer vun hiren Elteren vum Norden an de Süden geschéckt ginn fir do ewéi Sklaven ze schaffen an ze liewen.

 

Grad esou grujeleg ass Astellung dass handicapéiert Kanner oder déi Kanner déi Welt fir d’éischt mat Féiss begréissen, ausgesat an sech selwer iwwerlooss ginn. An dat aleng ewell si dem Awerglawen no nëmmen Ongléck bréngen.

Deemnächst gesitt Dir hei och eng Presentatioun iwwer Liewensbedingunge vun de Kanner am Benin

 

Jugendmass mat eisem Äerzbeschof zu Wilwerdang

Et muss dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gutt zu Wilwerdang an der Jugendmass gefalen hunn. Nieft de Puzzels huet och den Adesso musikalesch matgewierkt.

Liewenskniet déi verankeren, esou kéint een de Motto vun der Mass beschreiwen. Op elo déi Kniet musse geléist ginn am Liewen oder ob se solle befestegt, a wenn néidesch gestäerkt a gestrafft solle ginn, dat sinn déi Erausfuerderungen, déi jiddereen sech am Liewen ze stellen huet an hoffentlech dat och mat dem néidegen Häerz mëscht.

 

No der Mass, huet Gemeng Ëlwen am Veräinssall nach op eng Receptioun agelueden, wou den Owend bei engen gudde Maufel a Patt op en Ënn gaangen ass.