Dem Wanter säi Schnéikleed

De Wanter huet säi weist Schnéikleed ugedoen.

Zënter e puer Deeg kënnt et uewen op de Koppen zou reegelméissegen Schnéischauer. Do wou de Schéi net ewech gebotzt gëtt, kann dann emol am Laf vun den Deeg e puer Zentimeter zesummen kommen.

Herrlech ass e Spadséiergang duerch onberéierte Schnéi op alle Fall. Et ass der wäert e Moment stoen ze bleiwen an de rouegen Moment ze genéissen, zemools wenn e näischt derbäi héiert. Am Schnéi schéngt alles méi roueg ze sinn. Firwat dass dat esou ass gitt dir op www.science.lu gewuer.

Märercher a Legenden

Gläich dräi Associatiounen gestalten dëse Sonnden den 17.12.2017  ëm 17:00 Auer an der Sportshall zu Ëlwen de Galaconcert.

  • De Kannerchouer vun der Museksschoul vum Cliärrwer Kanton.
  • De Jugendchouer vum Adesso vun Ëlwen
  • an d’Ëlwenter Musek ennert de Direktioun vum Werner Eckes.

Impressiounen vun der Prouf.

 

 

Liäwegen Adventskalenner

Adventesfënsteren zu Kirchen

Fotoen : Ingrid Scholzen

Adventsfënster zu Ëlwen am Réfectoire

Fotoen : Ingrid Scholzen & Monique Helm

Krëppespill an der Maison de Relais

Fotoen : Monique Helm

Adventsfënster am Pastoueschgaart

Fotoen : Alice Enders

Adventsfënster zu Kirchen

Fotoen : Monique Helm

Ewéi all Joer fannen am Kader vun de „liewegen Adventsfënsteren“  verschidde Manifestatiounen statt.

D’Organisateuren (Par Wëntger an Par Ëlwen-Wäisswampech) lueden Iech häerzlech op dës besënnlech Evenementer an.

Jiddereen as häerzlech Wëllkomm

Scheckiwwerreechung un Vasco’s Smile

Den 10 Dezember 2017, op engem verschneite Wanterdag, hat zu Wilwerdang an der Kierch Familljemass stattfonnt. Den Adesso,  Canto dos Anjos an Wilwerdanger Chorale hunn d‘ Feier gesanglesch a musikalesch begleet.

Duerch den Erléis, deen op der St. Martinsfeier zu Wäisswampech konnt erbruecht ginn, war et méiglech un d‘ Associatioun Vasco’s Smile e Scheck am Wert vu 1700 Euro ze iwwerginn. Vasco’s Smile huet sech zum Ziel gesat, schwéier kranke Kanner Liewen e bësschen méi agreabel ze gestallten.

Et huet no der Mass eng Receptioun am Veräinssall stattfonnt. Merci dem Alice Enders an Viktor Hardy fir Fotoen.

De Kleeschen war ënnerwee.

 

 

Léiwe Kleeschen,gudde Kleeschen,

 

 

 

bréng ons Saachen allerhand,
fir ze kukken, fir ze schmaachen aus dem schéinen Himmelsland!

 

 

Bei der Dir, do stin eis Tellren, beien een an enger Rei.
‘T läit och Hee do fir däin lesel, duerfir bréng ons Spillgezei…

 

Esou oder e bësschen ähnlech wäert de Kleeschen gëschter Owend an sengen Oueren geklongen hunn.

Et war erëm esouwäit d’Jeunesse Widrigo hat Rendezvous mam Kleeschen fir d‘ Kanner vu Wilwerdang, Géidgen an Drenkëlt ze besichen.

Si alleguer konnten sech op déi Geschenker freeën, déi si sech gewënscht hunn…. wenn si da brav waren…..

Merci dem Yves Post fir Fotoen vum Kleeschen.