Täschebuch 2018

Gaart an Heem Sektioun vu Wilwerdang huet Täschebuch 2018 verdeelt.

De Schwéierpunkt läit dëst Joer op der Wunnqualitéit am urbane Raum mat all senge Facetten an Entwécklungen am Laf vun der Zäit. De Lieser fënnt nieft verschidden Statistiken interessant Informatiounen iwwert de Gaart, Gréngzonen, Balconen, Daachterrassen bis hin zu Gemeinschaftsgäert an Aartevillfalt am ëffentlechen Raum.

Et gëtt een och iwwert verschidden Schädlingen am Gaart informéiert a gewuer wat een biologesch der géint ënnerhuelen kann. De Moundkalenner am Ënn vum Bichelchen gëtt interessanten Abléck  iwwert Kultur vun onsen Gaardeplanzen am Moundzyklus.

Martinsfeier 2017 zu Weiswampich

Ursprénglech war Feier vum Hellege Mäertens den Ufank vum Faaschten virun Chrëschtdag. Mat der Feier an der Parkierch vun Wäisswampech ass drun erënnert ginn ewéi wichteg Deelen an onser Gesellschaft ass.

Esou ewéi dësen Hellegen, als réimeschen Zaldot säi Mantel mat engem Heeschert gedeelt huet, esou hunn Kanner hir al Spillsaachen hire Komeroden vum Eeschwëller Haus Edith Stein geschenckt.

An dëser Ariichtung kommen Fraen mat hire Kanner ënner, déi aus enger schwiereger Liewenssituatioun, sech erëm wëllen op eent bessert Liewen virbereeden.

 

Vun den Lampionen, déi virun der Kierch verkaf gi sinn, geet den Erléis vun Vasco’s Smile.

Vascos Smile hëlleft an ënnerstëtzt schwéier kranke Kanner, hir Elteren a Familljen, a steet hinnen an schwieregen Situatioun bei.