Konst am Duerf zu Wilwerdang

D‘ Artisten Anita Faber, Roger Baesch, Nico Schenck an Frank Margreve stellen vu Wilwerdang am Veräinshaus aus.

Impressiounen vum Vernissage vum Freiden den 27.November 2017

 

Hir Ausstellung ass vum 28ten Oktober bis den 05te November

all Dag vun 15:00 bis 19:00 Auer op.

Wou? Am Veräinshaus zu Wilwerdang

 

Martinsfeier 2017

Martinsfeier mit Laternenumzug in Weiswampach

Zum achten Mal veranstaltet das Martinscomité der Pfarre EWe Saint Francois eine Martinsfeier mit Laternenumzug, dieses Jahr am Samstag, dem 11. November 2017 um 17.00 Uhr in Weiswampach. Um den Kindern die Geschichte des heiligen Martin näher zu bringen, spielen die Kinder ein Szenenspiel um 17.00 Uhr in der Kirche von Weiswampach. Der Kinderchor Adesso umrahmt die Feier mit Martinsliedern und die ASBL „Vasco’s smile“ wird den Kindern ihre Arbeit kurz mit Bildern veranschaulichen.

Nach der Feier, gegen 17.30 Uhr bildet sich der Laternenumzug hinter dem St. Martin zu Pferd. Der Musikverein und die Feuerwehr begleiten den Umzug, der beim Zelt endet. Beim Martinsfeuer teilt St. Martin seinen Mantel und danach werden die Gebete der Klagemauer aus der Familienkirche von Wilwerdange im Feuer freigegeben.

Im Zelt überreichen die Kinder dem St. Martin ihr Spielzeug für das Eschweller Haus Edith Stein. Jedes Kind erhält dann einen Weckenmann (Boxemännchen). Die Elternvereinigung von Weiswampach verkauft warme und kalte Getränke und der Kirchenchor von Weiswampach sorgt fürs Essen.  Der Erlös der Martinsfeier geht dieses Jahr an die ASBL „Vasco’s smile“. Vor dem Zelt steht eine Camionette für Kleider in allen Grössen, über die sich das Eschweller Haus Edith Stein besonders freut.  Gute Parkplätze stehen ebenfalls beim Zelt zur Verfügung.

 

Aweihung vun der Fatima zu Wilwerdang

Op den Wochendag genee, Freides den 13te Juli 1917 hunn Hiirdekanner  Lúcia dos Santos, Jacinta Marto an Fransico Marto eng Marienerscheinung op de Plaz Cova da Iria bei Fátima gehat.

Zu der Geleeënheet ass an der Wilwerdanger Familljekiirch eng Statue  ageweit ginn, déi vun der Madame Isabella Ferreira gestëfft gouf.

De Paschtouer Michel Meyer ass a senger Priedegt op Erreegbarkeet agaange a besonnesch vun deenen Aarmen. An Zäiten vu materiellem Räichtum a Muecht, stellt dëst eng grouss Erausfuerderung un déi Gleeweg duer. Am iwwerdroenen Sënn waren déi aarm Hiirdekanner vun Fátima op an erreechbar, een Erliefnis wat sie fir Liewen gepräägt muss hunn.

 

Den 27te Mee 2017 war Statut vu Fátima a Präsenz vum Beschof Mgr Hollerich geéiert ginn.

Wahlparty zu Wilwerdang

Et huet sech zou engem festen Rendezvous entwéckelt. Och dëst Joer huet de „Widrigo“ op seng Wahlparty agelueden.

Nodeems een seng Stëmm ofginn hat, konnt e nach Geleeënheet bei hinnen eraluussen. Fir Iessen a Gedrénks hu si beschtens gesuergt an et konnt e Wahlresultater ofwaarden. Déi hunn doutsëcher net dem engen oder aneren esou richteg geschmaacht, mee de Wieler hat säi Wëllen ausgedréckt.

Et sief awer och deene Leit aus de Wahlburoën villmools Merci gesot, déi vill ze zielen an opzepassen haten dass hinnen kee Feeler ënnerlaf ass zemools wou eng Partei – wat hiert gutt Recht war – Zeien an de Büroen sëtzen haten.

Dat offiziellt Resultat fannt Dir hei.

Raritéiten aus der Champagne

Bei der Gemengeverwaltung vu Vendeuvre-sur-Barse an der Champagne steet een Trakter un dem e Plou gekoppelt ass.

U sech ass dat näischt Aussergewéinleches, just dass d‘ Bezeechnungen vum Trakter a vun der Uertschaft selwecht sinn.

Vun 1837  bis 1962 huet de Betrib Maschinnen fir Landwirtschaft hiergestallt, ass no der Fusioun mat amerikanescher Firma ALLIS-CHARMES an dëser komplett opgaangen  an de Markennumm Vendeuvre ass verschwonnenen.

Mei Informatiounen iwwert Vendeuvre Maschinnen kritt Dir um Internetsite vun der Amicale Vendeuvre. E virtuelle Besuch lount sech.

Et sief bemierkt, dass net nëmmen Frënn vun alen Trakteren hei stallhalen a kucken, mee och Frënn vum Geocaching.