Trëppeltour vum Gaart an Heem Wilwerdang

Vill Méi huet hunn sech dëst Joer d’Leit vum Gaart an Heem Wilwerdang gemaach fir hiren Trëppeltour ze organiséieren an duerchzeféieren. Gläich 5 Varianten teschend 5 an 12 Km stoungen zur Verfügung fir Géigend ronderëm Wilwerdang sief et kennenzeléieren oder sief et ze genéissen.

 

Dass et nodeems gutt geschmaacht huet, dofir huet Equipe aus der Kichen gesuergt.

Villmools Merci dass dir komme sidd. Hoffentlech huet et Iech alleguer gutt gefall an Gaart an Heem vu Wilwerdang wier frou Iech nächst kënnen erëm ze gesinn um Trëppeltour 2018.

Merci dem Marie-Rose Badelle an dem Alice Enders fir Fotoen.

 

Kaart vum Trëppeltour

 

Jugendmass zu Hëlzen an der Klaus

Déi besonnesch Plaz vun der Klaus zu Hëlzen ass een Uert vun der Besënnung awer och vum  Begéinen.

De 26 August ass hei eng schéi Jugendmass gefeiert ginn. Jugendlecher hunn an der Klaus e Labyrinth vu Sonneblummen a gesammelte Blieder aus dem Bësch just niewendrun mat vill Gout a Fantasie arrangéiert.

Dëse Labyrinth symboliséiert och ewéi et heiansdo an onsem Liewen geet. Et geet net ëmmer riichteraus, mee och geet et heiansdo nëmmen iwwer Ëmweeër dohin wou e wëll.  Den Jugendchouer Adesso huet dëse Gedanken während der Mass mat de Lidder „Seite an Seite“ a „Vois sur ton Chemin“ besonnesch ënnerstrach an ervirgehuewen.

Duerno ass et bei enger Ralleye duerch de Bësch gaang.

 

 

Net nëmmen dass deen eenzelnen gewisse huet wat hie konnt, mee et war och Teamgeescht gefrot.

Eng Fähigkeet déi haut an der Beruffswelt geschätzt ass.

 

 

Duerno ass den Owend beim Grillen a gesellicher Atmosphär op en Ënn gaang.

Merci dem Monique Helm fir Fotoen an dem Ingrid Scholzen fir den Text.