Fatima zu Wilwerdang

Den 27 Mee 2017 ass Fatima, a Präsens vum Äerzbëschof Mg. Hollerich, zu Wilwerdang an der Kierch zelebréiert ginn. No Meditatioun a Gebiet huet Kannermass ugefaange. Hei ass am Rollespill den Oflaf vun der Erscheinung vun den 3 Hierdenkanner ( Lúcia dos Samtos, an de Geschwëster Jacinta an Francesco Marco) zu Fatima, eng Stad ronn 130 Km nërdlech vu Lissabon, nogespillt ginn.

Fatima, een arabesche Numm, staamt vun enger Duechter vun engem maurischen Fürst, déi spéider zum Chrëschtentum konvertéiert ass.

Fotoen Viktor Hardy, Armand Haas

An senger Priedegt ass de Äerzbëschof ënnert anerem op onst gesellschaftlecht Liewen agaange, wat gepräägt ass vun ëmmer méi Besëtz, Muecht, Geld, amplaz vum glécklechen stressfräiem Liewen.

An dësem Kontext sief op een Artikel iwwer „Haben oder Sein“ verwisen. Amplaz materiell Iwwerluedung, déi an onser vun Stress an Hetz geploter Welt, Virrang huet, soll een iwwert e kierperlech a mental gesond Liewen nodenken, wou een vleit net alles huet, mee méi glécklech an zefridden lieft. Dat erfuerdert awer vill Asaz an Engagement op allen gesellschaftlechen Niveauen.

Kiermessonden zu Wilwerdang

Duarreffrenn hunn ewéi all Joer op hir Kiermes 2017 agelueden. D‘ Wieder huet et gutt bis an de spéiden Nomëtten gutt gemengt.

Mir soen Iech villmools Merci fir Äre Besuch a bis 2018 Wéini dass dann Kiermes stattfënnt fannt Dir hei.

Kirmessamschdeg mat Dizzy Picture

Esou ewéi läscht Joer konnten och erëm Dizzi Picture um Kiermesbal iwwerzeegen.

De Sall war strubbelvoll esou dass virun der Dier Gedenks servéiert ginn ass.

Familljemass vum 13 05 2017

Kommiounskanner bréngen der Maria eng Blumm.

Aus Dankbarkeet dass si endgülteg an de Krees vun der Glawensgemeinschaft opgeholl gi sinn, hunn Kommiounskanner der Muttergottes eng Blumm geschenkt.

Ënnert dem Motto “ Jesus gëff ons däi liewegt Waasser“ ass dann och e Rollespill vun de Kanner opgefouert ginn.

Hei gëtt Geschicht beschriwwen vu Waasser an engem Krou wat gedeelt gëtt. Dobäi verännert sech de Krou stänneg, de Krou gëtt méi wertvoll. Et gëtt symboliséiert wéi gedeelten Waasser jidderengem (Mënschen, Planzen an Déieren) zegutt kënnt.

Et ass et gëtt nach ëmmer Krich wéinst Waasser gefouert.

Fotoen Hardy Viktor & Armand Haas

D‘ Recht op proppert Drénkwaasser ass den 28 Juli 2010 vun der UN Generalversammlung an der Resolutioun 64/292 ugeholl ginn.

Méi Informatiounen zum Thema fënnt en um Site Site vum Waasserwirtschaftsamt.

Leider an all zu oft héiert a liest een vun onmoraleschen Praktiken déi multinational Grousskonzerner duerchfeieren, fir mat dem gemeinsamen Gutt all Joer méi riesig Beneficer ze maachen an dat op Käschten déi et am meeschten néideg hunn.

Dofir ass et wichteg dass mir alleguer eng sozial Verantwortung iwwerhuelen wenn mir Waasser gebrauchen.

Hämmelsmarsch 2017

Kiermes 2017 ass den 13te Mee mam Hämmelsmarsch vum Widrigo agelaut ginn.

Konscht am Gaart zu Ëlwen.