Le Petit Ramoneur

Schonns e puer Wochen ass den Tour de France duerch Wilwerdang gefuer.

Tëschent den zwou Entréesdieren vun der aler Schoul ass e flotte Portrait vun engem berühmten Cyclist op d’Mauer gemoolt an en ass nach net verblasst.

Et handelt sech net ëm de François Faber, de Nicolas Frantz, de Jempy Schmitz oder soss engem lëtzebuerger Coureur deen beim Tour de France jeemools matgefuer ass.

Den Ënnertitel vum Bild „Le petit ramoneur“ verréit dass et sech hei em keen aneren ewéi den Maurice-François Garin handele kann.

De Maurice Garin ass den 03 Mäerz 1871 op Welt komm an ass den 19te Februar 1957 gestuerwen.

Hien ass de Gewënner vum éischte Tour de France deen 1903 vu Paräis, Lyon, Marseille, Toulouse, Bordeaux, Nantes an zeréck op Paräis gefuer ginn ass.

Merci dem Kënschtler, fir de flotte Portrait.

Weider Informatiounen iwwert den „le Petit Ramoneur“

Tour de France

Tour de France e kleng Erënnerung vum Hanesch Fränz.
Gëschter sinn Coureuren no 3540 KM  op de Champs-Élysées zu Paräis ukomm an bal dräi Wochen nodeems sie zu Wilwerdang passéiert waren

Merci Fränz fir déi schéi Fotoen.

Hei kënnt Dir nach weider Informatiounen iwwert de Tour gewuer ginn.

 

Tour de France op der Wilwerdanger Gare

Um Wee fir an den Duerfkär as den Tour de France vun der Géidgermillen erfort op Wilwerdanger Gare erop komm.
Merci dem Pascal Haas

 

Tour de France zu Wilwerdang

Den Tour ass am Duerfzentrum ukomm. No enger schaarfer Rietskéier geet et vum Géidgerwee op Haaptstrooss Richtung Ëlwen.

Familljemass vum 2te Juli 2017

Léieren Brécke bauen am Liewen an eng Hand reechen.

Dat as de Kommiounskanner gelongen. Sie hun op een Deel vun hire Geschenker duerch Doen ersat a konnten esou e Betrag vun 3120 € un CSI Lëtzebuerg iwwerdroen.

Madame Scheuren Sandra huet mat enger Foto Presentatioun erkläert, dass déi gespenten Suen fir Bildung fir burundesch Flüchtlingskanner am Ruanda verwennt ginn.

Am Numm vun CSI huet Sie  een häerzleche Merci ausgedréckt.

No der Mass sinn 2 Wäiss Dauwen fräigelooss fir symbolesch de Fridden an d’Welt ze bréngen. Et bleift nach se soen dass bal 500 € bei der Kollekt fir CSI Lëtzebuerg zousätzlech derbäi komme sinn.
Villmools Merci
Déi Laït, déi gäeren eng Foto hätten, kënne hei Kontakt op huelen. Schreift Nummer vun de(r) Foto(en) derbäi.  Merci.

Rothenburg op der Tauber

Am Landkrees Ansbach a Bayern, läit dat schéint mëttelalterlech a romantescht Stiedchen Rothenburg op der Tauber.

Et lount sech een Ofstiecher bis dohin ze maachen.

Fatima zu Wilwerdang

Den 27 Mee 2017 ass Fatima, a Präsens vum Äerzbëschof Mg. Hollerich, zu Wilwerdang an der Kierch zelebréiert ginn. No Meditatioun a Gebiet huet Kannermass ugefaange. Hei ass am Rollespill den Oflaf vun der Erscheinung vun den 3 Hierdenkanner ( Lúcia dos Samtos, an de Geschwëster Jacinta an Francesco Marco) zu Fatima, eng Stad ronn 130 Km nërdlech vu Lissabon, nogespillt ginn.

Fatima, een arabesche Numm, staamt vun enger Duechter vun engem maurischen Fürst, déi spéider zum Chrëschtentum konvertéiert ass.

Fotoen Viktor Hardy, Armand Haas

An senger Priedegt ass de Äerzbëschof ënnert anerem op onst gesellschaftlecht Liewen agaange, wat gepräägt ass vun ëmmer méi Besëtz, Muecht, Geld, amplaz vum glécklechen stressfräiem Liewen.

An dësem Kontext sief op een Artikel iwwer „Haben oder Sein“ verwisen. Amplaz materiell Iwwerluedung, déi an onser vun Stress an Hetz geploter Welt, Virrang huet, soll een iwwert e kierperlech a mental gesond Liewen nodenken, wou een vleit net alles huet, mee méi glécklech an zefridden lieft. Dat erfuerdert awer vill Asaz an Engagement op allen gesellschaftlechen Niveauen.

Kiermessonden zu Wilwerdang

Duarreffrenn hunn ewéi all Joer op hir Kiermes 2017 agelueden. D‘ Wieder huet et gutt bis an de spéiden Nomëtten gutt gemengt.

Mir soen Iech villmools Merci fir Äre Besuch a bis 2018 Wéini dass dann Kiermes stattfënnt fannt Dir hei.